Patrick Sadler


"Bieles 2017"



Keng Koppel huet et sou lang ausgehaal wéi eis trei Koppel, den Lëtscheft an den Zolwerknapp.

Déi zwee Hiwwelen, sou onzertrennlech wéi mäi Polyptychon, weisen eis wéi mir kënnen duerch d'Jorhonnerten an der Harmonie liewen ouni eis géigensäiteg et Käpp anzeschloen.

Duerfir hunn ech als Thema déi zwéin topologesch Phänoméner gewielt, déi ontrennbar mat der Regioun verbonnen sinn a schon vu wäit ewech ze gesinn sinn, wann én vu Lëtzebuerg op Bieles kennt.


Ausstellung zu Bieles 2017
Ausstellung zu Bieles 2017

 Patrick Sadler

Hei sinn e puer Fotoen déi vum M.S. während der Ouverture vun der Ausstellung vum Kënschtler Patrick Sadler geholl ginn sinn. All Foto kann direkt vu jidderengem beurteelt ginn an et kenn én bis 5 Stären ouni Aschreiwung ausgedélen. Hutt vill Spaass beim kucken an am Viraus Merci fir all Kommentar.

Accrochage zu Bieles 2017
Accrochage zu Bieles 2017

 Patrick Sadler

Hei sinn e puer Fotoen déi vum L.D. während dem Accrochage vun der Ausstellung vum Kënschtler Patrick Sadler geholl ginn sinn. All Foto kann direkt vu jidderengem beurteelt ginn an et kenn én bis 5 Stären ouni Aschreiwung ausgedélen. Hutt vill Spaass beim kucken an am Viraus Merci fir all Kommentar.

Fotoen vum Val Wagner
Fotoen vum Val Wagner

 Patrick Sadler

Hei sinn e puer Fotoen déi vum Val Wagner während der Ouverture vun der Ausstellung vum Kënschtler Patrick Sadler geholl ginn sinn. All Foto kann direkt vu jidderengem beurteelt ginn an et kenn én bis 5 Stären ouni Aschreiwung ausgedélen. Hutt vill Spaass beim kucken an am Viraus Merci fir all Kommentar.

Carton d'Invitation à Belvaux 2017
Carton d'Invitation à Belvaux 2017

 Patrick Sadler

Suessem 2017 Invitatiounskaart

 

Invitatiounskaart gemaach vun der Gemeng Suessem

Presse 2017
Presse 2017

 Patrick Sadler

"Déi Onzertrennlech"



Et huet alles 1988 ugefangen, wou zwee Moler zu Stroossbuerg studéiert hunn, bis een Dag et Liewen dës glécklech Zesummenaarbecht ausernéngerapt huet. Bal 30 Joer méi spéit hunn sech hier Biller dann an der Gemeng Suessem begéint, am Stadhaus vu "Bieles", wou den 1. Juli 2017 et Aweihung vun dem monumentalen Bild vum Moler Patrick Sadler stattfonnt huet.

Den Polyptychon besteet aus aacht 1,4m x 1 m groussen Biller, dén sech zu engem Panorama Bild zesummensetzt, déi én un d''Maueren vum "Musée de l'ORANGERIE" erennert wéinst der Béiung vun der Mauer. Dat ass emsou méi wichteg, well d'Gemengengebei dës speziell Form nëmmen op engem Fligel vum Gebai huet.

Am Joer 2010 huet en Moler, deen an der Tëschenzäit zu Paräis lieft, den aneren Maler op eng komplett Retrospektive vu Monet an den Grand Palais invitéiert. Et war och obligatoresch fir d'Orangerie am selwechten Dag ze besichen. Dén zu Eileréng wunnenden Patrick Sadler war den Dag sou beandrockt vun dem Monet séngen Aarbechten op dénen ronnen Maueren, dass en sech ennerlech zouginn huet, datt en esou eppes wéi dat doen an séngem Liewen net réaliséieren kéint.

Mä et ass ganz anescht komm wéi hie geduecht hat, well 2016 e bémol d'Commande vum Schäffenrot fir den Hochzäitssall ze verschéineren per Mail komm ass, déi fir d'éischt am Moler séngem Spam Ordner gelant an duerch Zoufall dann awer gelies ginn ass. Wéi de Maler de Sall gesinn huet, deen och als Gemengerotssall benotzt get, huet hien sengen Aen net gegleeft, wéi hien eng gekremmten Mauer vun bal 10 Meter an dësem Raum gesinn huet.

Et Décisioun fir den Optrag unzehuelen ass direkt gefall an dofir gouf et Ausschaffe vun engem, vun aacht Deeler vun 70cm X 50cm bestohender, laanger Skizz réaliséiert, déi de Moler als Virlag fir de grousse Projet geholl huet. Well sech op deser besonneger Plaatz et Koppelen et Jowuert ginn, huet den Moler als Thema, déi zwou onzertrennlechst, topologesch Gestalten, déi én schon vun ganz weit gesäit, wann én vun der Staat op Bieles fiert, gewielt. Keng Koppel huet et nämlech sou lang ausgehall wéi eis trei Koppel, den Lëtscheft an den Zolwerknapp. Sie weist eis wéi én an Harmonie duerch d’Zäiten kann zesummen liewen ouni sech géigensäiteg den Kapp anzeschloen.

Dat ass och emsou méi wichtig, well den Sall auch als Gemengerotssall benotzt get.

Et Aweihung vum grousse monumentale Wierk gouf mat enger Ausstellung vun Uelegbiller an Zeechnungen ronderem d'Thema gestalt, déi én op der Websäit vum Kënschtler kucken kann.

Den bildlichen Panorama aus der Géigend kann seitdém als en Dél vum Gmengenhaus visitéiert ginn. Seng Präsenz verwandelt den ongewéinleche Raum an eng Plaz vun Fridden, déi engem aleng duerch d'Ukucken Rouh an Ausgeglachenhétbeim vermettelt.



Text vum Lucienne Deviscour



Discours Vernissage 2017
Discours Vernissage 2017

 Patrick Sadler

"Ried fir den Vernissage vum Hochzäitssall / Gemengerotssall"

 

Léif Konschtfrënn,

 

Ech hat démols geduert ech hät eng Spamnoricht mat engem Virus op méngem Computer wéi ech eng Mail vum Schäfferot kritt hun, dén mech gefrot huet fir en Projet fir den Hochzäitssall / Gemengerotssall ze machen.

 

Et kritt én net oft sou eng Gelégenhét an ech hun do och direkt mat enger immens grousser Fréd zougesot. Dobei kennt, dass dén Sall hei eppes ganz besonneges huet:

 

et ass eng Mauer déi net einfach nemmen richt ass, mä sie mescht eng Kurv vun engem Eck bis op dén aneren.

 

Besser fir en Panorama vun eiser Géigend duerzestellen hät keng Mauer kenne sinn.

 

An fir beim Thema Hochzäitssall ze bleiwen hun ech déi 2 onzertrennlechst Gestalten, déi én schon vun weitem entdeckt wann én aus der Staat op Bieles kennt, als Thema geholl.

 

Keng Koppel huet et nämlech sou lang ausgehall wéi eis trei Koppel, den Lëtscheft an den Zolwerknapp. Sie weist eis wéi én an Harmonie duerch d’Zäiten kann zesummen liewen ouni sech géigensäiteg den Kapp anzeschloen.

 

Dat ass och wichteg fir wann den Sall als Gemengerotssall benotzt get.

 

Sou en Projet ze réaliséieren ass nemmen méiglech, wann eng ganz Reih vun Leit én ennnerstetzen:

 

dofir soen ech dem Schäfferot en rieseg groussen MERCI,

 

dem Goerges Engel, dem Simone Asselborn-Bintz, dem Marco Goelhausen an,

well et einfach emmer do ass wann én et brauch, dem Myriam Cecchetti, 

dem Service Technique, besonneg dem Armand an dem Déan fir d'Ophänken,

dem Dan an dem Nico, well se beim ganzen Opbau konstant dobei waren an bei allem gehollef hun,

dem Cliff fir déi schéin Invitatiounskart,

an och ganz besonneg ménger Famill en groussen Merci fir hier onendlech Gedold an hier Hellef,

an all den Leit déi den Owend hei sinn,

an all dénen dei d'Bild kucken kommen an et doduerch liewen lossen.