Kieperen
Kieperen
 Patrick Sadler

Eist visuellt Bewosstsäin hängt vun der Distanz of, mat där én en Objet oder Sujet gesäit. Wann én méi noh un én erun gét, dann behalen mär an eiser Erennerung séng global Erscheinung, mä vun nohem, verschwannen et Formen, déi én vun weitem gesinn huet.

 

Et erschéinen nei Formen wann én et Distanz verännert. Dat selwescht geschitt och mat den Konturen, déi hier Réalitéit verléieren, wann én probéiert se unzepacken. Et ass en bessien wéi wann én en Réenbouh géif probéieren mat eisen Hänn ze fänken.

 

Während et bei méngen Landschaftsmolereien et Ziel ass fir et mental Réalitéit nei op ze bauen wann én sech vum Tableau entfernt, ass et bei den Kiepermolereien den emgedréintenen Effekt. Well et näicht méi attraktives wéi en weiblechen Kierper get, ass én séier vun sénger Erscheinung ugezunn an et huet én Loscht fir méi no dohinner ze goen.

 

Mä vun noem get én sech bewoosst, dass et vierun eis näicht aneschters get wéi Farwfläcken op engem plat gespanntenen Ennergrond, déi zum Trugbild  dozou beidroen. Et Bewosstginn vun deser Illusioun helleft eis et Visioun vum mentalen Bild vum eisem Kierper a Froh ze stellen.

 

Eis Perséinlechkét ass op eng mental Projektioun vun engem Kierper u sech, dén zur "Vakuitéit" (≈ Eidelhét) get wann én se vun noh an vu weit ukuckt. Den eidelen Raum, dén eisem Kierper séng zouen Erscheinung vermettelt, durchdréngt en an léist en souzesoen mental explodéieren duerch eng Analyse mam Bléck vum Méinohgoen an Méihwäiteweggoen. Den ausgedoenen menschleschen Kierper dét eis déi verschleiert Wahrnehmung vum menschleschen Kierper aus.

 

Nus'en
Nus'en

 Patrick Sadler

 

Et Aktbiller konnten nëmmen réaliséiert ginn, dank der unhalender Zesummenaarbecht a kreativer Leidenschaft vun den Models, déi um Opbau vun den Posen aktiv délgeholl hunn.

 

Et sinn déi wonnerschéin Fraen, déi zur pikturaler Recherche beigedroen hunn, an déi engems sie et Ästhétik vun hierer Nuditéit an et Schéinhét vun der Ausdrockskraft vun hieren Kierperen mat dénen sublimen Formen ugebueden hunn.

 

Eeler Nus'en
Eeler Nus'en

 Patrick Sadler

 

Hier sind einige Bilder von älteren Zeichnungen, Stichen und Gemälden zum Thema des weiblichen Aktes.

Molereien an Zéchnungen Le Faisan
Molereien an Zéchnungen Le Faisan

 Patrick Sadler

 

Biller an Zeechnungen Le Faisan

E puer Biller, déi während menger Participatioun am Grupp vu Moler "Le Faisan" gemaach goufen, deen Ausstellungen vun der zäitgenëssescher Molerei organiséiert huet an eng onofhängeg Associativ Galerie hat.

"Awer ass et net paradoxal, souguer widderspréchlech, sech ze "regruppéieren" ze wëllen an enger Zäit, an deem den gezwongenen Individualismus an déi exuberant Mediatiséierung onkontrolléiert op alles drécke fir sech ze weisen an ze profiléieren, fatalerweis op Käschte vun deenen aneren?

Pluralismus ass dat eenzegt Mëttel fir nees eng kreativ Dynamik ze schafen, deem seng Basis et Aarbecht, et Fuerschung ass an net weltlech Unerkennung oder déi vum Maart."

(Katalog Le Faisan 1988, Säit 7)