Patrick Sadler 

Hei sinn d'Ausstellungs Albumen vum Kënschtler Patrick Sadler.  Wann Dir op én Album klickt, kritt Dir séng Ausstellungen an verschidden Ënneralbumen ugebueden. All Foto kann direkt vu jidderengem ouni Registréierung kommentéiert an mat bis zu 5 Stären bewert ginn.  Hutt vill Spaass beim Kucken a Merci fir all Kommentar.  

Expo 2020
Expo 2020

 Patrick Sadler

Hei sinn e puer Enveloppen déi ech fir d'Mail Art 2020 Ausstellung zu Stroossbuerg ageschéckt hunn. Do sinn der och e puer dobäi, déi net ausgestallt goufen.

Expo 2019
Expo 2019

 Patrick Sadler

Dir kënnt d'Ausstellung "Paintings and Sculptures" an der "Galerie op der Kap" (Biller Fernand Bertemes, Marc Bertemes a Patrick Sadler, Sculptures Gérard Claude) nach eng Kéier gesinn andeems Dir d'Albumen hei ënnendrenner ukuckt, an där Fotoen an Dokumenter sinn, déi et erlaaben se erëm z'erliewen.

Expo 2016
Expo 2016

 Patrick Sadler

"Meng Nues an den Séirousen"



En Waasserplang, dén den Himmel spiggelt an et Wasserwelt weist, déi mat Séirousen gefellt sinn. Et ass en Blumemnteppech, dén an Verbindung mat a puer physikaleschen Elementer (et Erd, wou d' Wurzelen verankert sinn, duerch d'Waasser ginn, op dém se sech schwébend an der Loft entfalen an mat der Photosynthese duerch d'Feier vun der Sonn gedeihen).


Expo 2013
Expo 2013

 Patrick Sadler

"Ausstellung 2013"



"When a Model meets a Painter" ass eng Ausstellung vum Patrick Sadler iwwer d'Thema vum weiblechen Kierper an der Galerie Maggy Stein an Zesummenaarbecht mam Monica Gomes, Christian Mille a Lucienne Deviscour zu Beetebuerg.


Expo 2011
Expo 2011

 Patrick Sadler

"Ausstellung 2011"



Dräi Frënn, Fernand Bertemes, Pétra Werlé et Patrick Sadler, Moler an Bildhauer hunn sech zesummen gesat, fir gemeinsam hier Wierker auszestellen.

Et Ausstellung, organiséiert vun der A.s.b.l. "Frënn vun de Caper Piwitschen" ennert dem Patronage vun der Gemeng Mamer war vum 25. November bis den 17. Dezember 2011 an der "Galerie op der Kap", 70, route d'Arlon in Capellen (vis-àvis vun der Kierch) ze gesinn.

D'Gewënn aus dem Verkaf sinn ausschließlich an generéis an guttwellend Projekter gefloss.


Expo 2009
Expo 2009

 Patrick Sadler

"Exposition 2009"


"Figuratioun Net-Figuratioun"



Den Projét Figuratioun/Net-Figuratioun proposéiert, an enger énzeger Ausstellung déi zwou Welten vun der Molerei ze vergläichen, fir déi Elementer ze beobachten, déi hinnen entgéigenstinn an déi se verbannen.

Et erlabt eis, et Passagen vun enger Welt an déi aner ze beobachten an stellt eis d'Wessen iwwert den Begreff vun Figur an Net-Figur, vun Représentatioun an visueller Abstraktioun duerch d'Bildmedium an Froh.

An Platz et Figuratioun vun der Net-Figuratioun ze trennen, bedeit den "Nén" vun der Net-Figuratioun keng Négatioun dir, mä en Abannen vun der Figuratioun an emgekéiert.

Et Idée ass, eng inter-, an souguer transdisziplinär Ausstellung unzebidden, an där a Bild sowuel figurativ wéi och net-figurativ sinn kann.

Ofschléissend géif ech soen, dass desen Projét et plastesch Recherche iwwert d'Opkommen vun Phénomener zesummenféiert an déi fir selbstverständlech ugehuelen Définitionen iwwert hier Wouregkét hannerfrét.

Während dem Vernissage vun der Ausstellung gouf et eng expérimentell an intuitiv musikalesch Interventioun vum Giuliano Arpetti, dén ennert dem visuellen Afloss vun den Biller eng Klangimprovisatiuon vun der Figuratioun/Net-Figuratioun interprétéiert huet.


Expo 2008
Expo 2008

 Patrick Sadler

Ausstellung 2008

Wäin Etiketten

Ausstellung "Wine Labels" a 4 kleng Bildformate (15 x 23 cm) vum Kënschtler mam Chris Rul, Jacques 't Kindt, Michel Dejean, Cathy Gangloff, Jac Gijzen, Patrick Sadler zu Gavere (Belsch).