Patrick Sadler

"Ausstellung 2013"



"When a Model meets a Painter" ass eng Ausstellung vum Patrick Sadler iwwer d'Thema vum weiblechen Kierper an der Galerie Maggy Stein an Zesummenaarbecht mam Monica Gomes, Christian Mille a Lucienne Deviscour zu Beetebuerg.


Exposition 2013
Exposition 2013

 Patrick Sadler

"Ausstellung 2013"



"When a Model meets a Painter" ass eng Ausstellung vum Patrick Sadler iwwer d'Thema vum weiblechen Kierper an der Galerie Maggy Stein an Zesummenaarbecht mam Monica Gomes, Christian Mille a Lucienne Deviscour zu Beetebuerg.


Carton d'Invitation 2013
Carton d'Invitation 2013

 Patrick Sadler

"Invitatiounkaart"



Zesummenfassung vun der Ausstellung vum Lucienne Deviscour:

No enger laanger Period vun Landschaftsmolerei huet de Moler Patrick SADLER sech senger éischter Léift zougewandt: dem weiblechen Wiesen.

Déi isoléiert Arbecht am Atelier an a verschidden letzebuéieschen Landschaften huet der Zesummenaarbecht missen Plaatz machen. Et Begéinen mat den Models – all wonnerschéin – hunn den Moler dozou bewegt séng momentan Perceptiounen mat der Ausstrahlung vun den Models ze miessen. Dank der Ennerstetzung vun engem professionellen Team (Monica GOMES an Christian MILLE) konnt den Patrick SADLER et Techniken vun der Studiofotografie (Photodesign in Kayl) dozou benotzen fir mat der Luucht- an Schietplatzéierung déi perfekt Kierperen sou ervirzehiewen, opt d'Wensch vun den Fraen agohend an hieren Virstellungen entgéigenkommend, fir des séng Molerei zuer Verfügung ze stellen.

All Zesummenkommen war geprägt vun der weiblicher Expressivitéit vun den Models an der pikturaler Usiicht vum Moler. Déi dobäi spontan entstanen geballten Energie ze erkennen, se festzehalen an se auszedrécken fir se dem Publikum ze présentéieren - dat war et Erausfuerderung, dat war d'Konschtstéck!

Der Kënstler benotzt verschidde Technike (Uelegmolerei und Uelegpastell) fir d'Performance vun de Models souwuel an den Formen wéi och an den Farwen nei ze gestalten. Aus deser symbiotescher Zesummenaarbecht ass eng Luucht- und Formenflut erschafft ginn, déi den Model als Konschtwierk veréiwegt.

"When a Model meets a Painter" ass den Titel vun enger Ausstellung, déi em déi foffzeg Uelegpastellzéchnungen und Uelegmolereien aus den leschten zwé Joer verént. Si kënnen an der Galerie Maggy Stein, 13, rue du Château zu Bettemburg, vum 5. bis 13. Oktober 2013 all Dag vun 15.00 bis 20.00 Uhr gesinn ginn.


Presse 2013
Presse 2013

 Patrick Sadler

"Presse 2013"



Hei fannt Dir en Artikel iwwer d'Ausstellung "When a Model meets a Painter" vum Donneschden, den 10. Oktober 2013 vum Maurice Fick aus dem Luxemburger Wort.