https://patricksadler.com



"Déi Onzertrennlech"



Et huet alles 1988 ugefangen, wou zwee Maler zu Stroossbuerg studéiert hunn, bis een Dag et Liewen dës glécklech Zesummenaarbecht ausernéngerapt huet. Bal 30 Joer méi spéit hunn sech hier Biller dann an der Gemeng Suessem begéint, am Stadhaus vu "Bieles", wou den 1. Juli 2017 et Aweihung vun dem monumentalen Bild vum Moler Patrick Sadler stattfonnt huet.

Den Polyptychon besteet aus aacht 1,4m x 1 m groussen Biller, dén sech zu engem Panorama Bild zesummensetzt, déi én un d''Maueren vum "Musée de l'ORANGERIE" erennert wéinst der Béiung vun der Mauer. Dat ass emsou méi wichteg, well d'Gemengengebei dës speziell Form nëmmen op engem Fligel vum Gebai huet.

Am Joer 2010 huet en Moler, deen an der Tëschenzäit zu Paräis lieft, den aneren Maler op eng komplett Retrospektive vu Monet an den Grand Palais invitéiert. Et war och obligatoresch fir d'Orangerie am selwechten Dag ze besichen. Dén zu Eileréng wunnenden Patrick Sadler war den Dag sou beandrockt vun dem Monet séngen Aarbechten op dénen ronnen Maueren, dass en sech ennerlech zouginn huet, datt en esou eppes wéi dat doen an séngem Liewen net réaliséieren kéint.

Mä et ass ganz anescht komm wéi hie geduecht hat, well 2016 e bémol d'Commande vum Schäffenrot fir den Hochzäitssall ze verschéineren per Mail komm ass, déi fir d'éischt am Moler séngem Spam Ordner gelant an duerch Zoufall dann awer gelies ginn ass. Wéi de Maler de Sall gesinn huet, deen och als Gemengerotssall benotzt get, huet hien sengen Aen net gegleeft, wéi hien eng gekremmten Mauer vun bal 10 Meter an dësem Raum gesinn huet.

Et Décisioun fir den Optrag unzehuelen ass direkt gefall an dofir gouf et Ausschaffe vun engem, vun aacht Deeler vun 70cm X 50cm bestohender, laanger Skizz réaliséiert, déi de Moler als Virlag fir de grousse Projet geholl huet. Well sech op deser besonneger Plaatz et Koppelen et Jowuert ginn, huet den Moler als Thema, déi zwou onzertrennlechst, topologesch Gestalten, déi én schon vun ganz weit gesäit, wann én vun der Staat op Bieles fiert, gewielt. Keng Koppel huet et nämlech sou lang ausgehall wéi eis trei Koppel, den Lëtscheft an den Zolwerknapp. Sie weist eis wéi én an Harmonie duerch d’Zäiten kann zesummen liewen ouni sech géigensäiteg den Kapp anzeschloen.

Dat ass och emsou méi wichtig, well den Sall auch als Gemengerotssall benotzt get.

Et Aweihung vum grousse monumentale Wierk gouf mat enger Ausstellung vun Uelegbiller an Zeechnungen ronderem d'Thema gestalt, déi én op der Websäit vum Kënschtler kucken kann.

Den bildlichen Panorama aus der Géigend kann seitdém als en Dél vum Gmengenhaus visitéiert ginn. Seng Präsenz verwandelt den ongewéinleche Raum an eng Plaz vun Fridden, déi engem aleng duerch d'Ukucken Rouh an Ausgeglachenhétbeim vermettelt.



Text vum Lucienne Deviscour



  • Foto Cliff Schmit 0 Kommentaren - Opriff - Bewäertungs-Stand 5.00 Foto Cliff Schmit
Total hits: 1325915 Most recent 10 minutes hits: 31 Current hour hits: 90 Yesterday hits: 782 Last 24h users: 85 Last hour online users: 18 Recent guest(s): 7