Weis déng Konscht !

Du hues eppes gemolt oder fotograféiert an wells wëssen, wat déi aner dovunner halen?

Da weis däin artistescht Talent an deel déng Kréativitéit mat dénen aneren.

Jidderén kënn hei séng Biller erop lueden an liesen wat déi aner doriwwer soen.

Einfach op "Artists" am "Menu" klicken fir mat ze machen an séng Ménung ze schreiwen.

Fir séng égen Kréatiounen eropzelueden brauch én sech nemmen unzemellen an schon ass én dobäi.

Wéi lueden ech am Beschten méng Biller op Artists erop?

Et kenn én direkt an engem Browser (wéi zum Beispill: Safari, Google, Firefox, Opera...) op Artists , nodém én sech ungemellt huet, uewen am Menu "Discover" an Submenu "Upload Photos" et Fotoen erop lueden. Dofir sollten et Fotoen awer net méi grouss wéi 2000 Pixel souwuel an der Brét wéi och an der Héicht sinn.

Wann se méi grouss sinn, dann muss én den Uweisungen hei ennendrenner nogoen!

Piwigo Upload

Et get eng Applikatioun fir den iPhone, déi Piwigo héscht an déi erméiglecht et fir séng Biller esou erop ze lueden, dass se och op engem Handy direkt problémlos kenne gesinn  ginn.

Hei ennendrenner kritt Dier gewisen wat én an der Piwigo App muss anstellen.

An direkt ennendrenner befënnt sech den Knapp fir d'App op ären Handy ze erof ze lueden.

1. Et App starten

Piwigo Login

No déms én et App Piwigo gestart huet, muss én et Adress "konscht.com/artists" anginn an et kann én sech mat séngem Benotzernumm an Passwuert anloggen.


2. Sech aloggen

Piwigo settings

Dono soll én ganz ennen riets op den "Preferences" Knapp klicken goen.


3. 50% als Gréisst anstellen

Piwigo Preferences

An den Piwigo "Preferences" soll én 50% als Gréisst anstellen an onbedingt "Resize Before Upload" unschalten.

Zousätzlech kenn én och et Bild mat "Compress Before Upload" unschalten. Doduerch get dann och et Bild méi schnell um Handy gewisen. 


4. Dono den Album wielen

Piwigo Album selection

Dono  kann én den Album mat séngem égenen Numm auswielen fir en Bild an säin Album erop ze lueden. Huet én nach kén Album, so get dén beim éischten Foto Upload opgebaut.

 

5. Oppassen !

Piwigo Upload Function

An engem aneren séngem Album kann én kén Bild erop lueden.

Den User "Anna" zum Beispill kann nemmen an den "Album Anna" eroplueden, soss erschéint déi Wollék mam Feil no Uewen net.

Wann én den richtegen Album gewielt huet, dann kann én direkt bei den Punkt 7. goen.

6. Nei Fotoen

Piwigo Nei Fotoen

Jidderén kann awer mam "Upoad" Knäppchen an den Album "Nei Fotoen" erop lueden, mä et Fotoen bleiwen dann onsichtbar an mussen vum Admin vun konscht.com freigeschallt an op déi richteg Platz gesat ginn.

Wann én sech iet beim Eroplueden, dann ass dat och kén Problém. Einfach nemmen iwwert d'Kontaktform den Admin informéieren an dann gét dat sou séier wéi méiglech erem an d'Reih 👍 .  

7. Dono et Foto wielen

Piwigo Foto

Et kann én dann op "Upload" ennen an der Mëtt klicken an séng Foto am Album vum Handy eraus wielen.

8. Et Foto untippen

Piwigo Foto Selection

Wann én alles am Punkt 5. richteg gemach huet, dann kann én et Foto unwielen an et kritt én dat gewisen mat engem orangen "+" Zéchen.

9. Et Foto beschreiwen

Piwigo Foto Description

Dono soll én séng Foto an der Piwigo App beschreiwen mat engem Titel, den Numm vum Auteur dobei setzen an bestemmen wén et Foto därf um Internet ze gesinn.

Fir dass et Foto besser am Web kann erem fonnt kann ginn, muss én en "Tag", also en Stechwuert iwert den Inhalt vum Bild eran ginn. En "Tag" soll nemmen aus engem Wuert bestoen an et muss én all Wuert mat engem Enter bestätegen.

Et Beschreiwung hëlleft dann och et Bild ze erklären. 

10. Et Foto eroplueden

Piwigo Foto Upload

Dono kann én dann et Foto an der Piwigo App uewen riets mat "Upload" erop lueden.

Wann én net sollt hei mat der Beschreiwung éns ginn, dann kenn en mech iwwert d'Kontaktform ganz ennen op der Säit kontaktéieren fir nach Froen ze stellen.

KONTAKT FORM

Fir eppes nozefroen, einfach des Kontakt Form benotzen.

*Des Eingaben sinn noutwendeg.

Iwwerpréift den Recaptcha virum Schécken

SHARE THIS PAGE!